Applaus Soundstory Challenge
Zeréck goen
Kuerz Beschreiwung
Een neit Schouljoer, eng nei Rees voller Téin, Wierder a Beweegung!
D’Ekipp vun APPLAUS (SCRIPT) huet erëm mat vill Engagement en Optrëtt fir iech op d’Bee gestallt. Dës nei Challenge besteet aus verschiddenen Etappen, déi mat Hëllef vu verschiddenen spannenden Aufgaben erkläert ginn.
D’Kanner aus dem Cycle 3.2 a 4.1 kréien erëm d’Geleeënheet, hier Talenter am Theater, am Danz an an der Musek ze weisen Am Mëttelpunkt steet natierlech d’Freed um Ausdrock an de Spaass. Kreativitéit ass hei gefrot!
Duerch eng faszinant „Soundstory“ (Klanggeschicht) gi verschidden Themen a Situatioune mat Geräischer a Musek erlieft.
Als klanglech Landkaart kritt dir eng Audio Opnaam mat Toun- a Museksequenzen, déi iech d’Richtung vun der Handlung uginn.
Des Audio Opnam ass d’Basis vun ärer Show.
Hei bleift genuch Plaz fir Ärer eegener Fantasie fräie Laf ze loossen, a mat äre kreativen Iddien de Klangraum ze fëllen.
Ab dem 10 November 2025 luede mir ëmmer Mëttwoches no der Vakanz eng nei Challenge erop, déi dir da bis déi nächst Vakanz léisen an übe sollt. D’Klasse mat de beschte Resultater aus den zwou éischten Challenges qualifizéiere sech fir déi drëtt Challenge.Déi drëtt Challenge ass dann och d’Preparatioun fir den Optrëtt op der YEP.
Hutt dir Loscht op spannend Aufgaben am Beräich Musek, Beweegung an zeeneschem Spill a sidd dir der Meenung är Klass soll d’Geleeënheet hunn op enger grousser Bün ze stoen? Da mellt iech un fir d’APPLAUS Challenge!
Aart vum Concours
6 Wochen Challenge
Challenge 1: 12/11/2025 – 19/12/2025 1ten Deel
Challenge 2: 07/01/2026 – 13/02/2026 2ten Deel
Duerno qualifizéiere sech 4 Klassen fir ab dem 23 Februar 2026 sech op den groussen Optrëtt op der YEP Foire ze préparéieren. Dës Finall fënnt den 20. Abrëll an der Luxexpo um Kierchbierg statt.